Ich wollte es schon vor ein paar Tagen tun. Mit all den Geburtstagseinladungen die ich in den letzten Wochen erhalten habe war eine dabei die an Orginialität kaum zu überbieten ist. Da ich heute etwas mehr Zeit habe werd ich sie abschreiben. Sie ist auf luxemburgisch. Ich wollte sie Anfangs übersetzen doch das würde ihr jegliche Ürsprüglichkeit nehmen. Das Luxemburgische müsste für all meine deutschen Schnuffis nicht allzu schwer sein.

Op halwem Wee…

Wa mer den Astrologe gleewe kennen, hun d’Planéiten eng Wirkung op d’Liewe vum Mënsch. Bei denger Geburt kriss de sou eppes wéi e kosmesche Stempel opgedréckt. All Planéit huet wirkung a seng Emlaafzäit, de Jupiter brauch 12 Joer bis e nees op segem Ausgangspunkt ukomm ass, den Uranus braucht der 84. D’Sonn brauch 365 Deeg, dat 4 Joerszäiten oder 12 Méint. Zuelen also net nëmmen eng Quantitéit ma och eng Qualitéit. Déi grouss Liewenszyklen loosen sech doweinst mat 3 a 4 erklären:

3+4=7 / 3×4=12 / 12×7=84 /84=4×21 / 84=3×28 / 21=3×7 / 28=4×7

Wee kennt se net déi 7 moor an déi 7 festt Joeren, déi 7 Deeg an der Woch, deí 4 Elementer: Feier Äerd Loft a Waaser, an déi 4 Joerszäiten, déi 3 Bridder déi op sich nom Liewenswaasser sin, déi 12 Stärenzeechen…
Wa mer dervun ausgin, datt den archetypeschen an 12 Liewensalteren vun allkéiers 7 Joer opdeelt, dann ee mat 42 op der Halschent. Mat 42 as een an der Mëtt vum Liewenslabyrinth ukomm.
Dës Wäisheet as net vu mir, well ir de gricheschen Held Theseus de Minotaurus am Labyrith meeschter gouf, hate schon 42 anerer virun him probéiert a goufe vum Monster gefriess.
Am Ägypteschen Doudebuch gin et 42 Götter, déi mat hire geheime Nimm muss nennen, ir een an d’éiwegt Liewe kënnt an op hiere Ress duch d’Wüst huet dat jiddescht Vollék op 4 Plaatze gerascht. Souguer beim Gänsespill as ee no 42 Spréng mat séngem Däppchen op halwem Wee vun der Spiral.

Mat 42 bass d’also matzen dran, am Irgärtchen! Déi zwou éischt Lieweszäiten vum alkéiers 21 Joer sin erriwwer, nom Fréihjoer an dem Summer fänkt sou lues den Hierscht un. Eng nei liewensphase geet lass, déi 7. iwergens. Et as een iwwer d’Halschent an et as ee séch es och bewosst. Villes huet ee well gesin a gemach, an alles huet séng Spueren hannerloos.

Schéin, ass mer eis am Labyrith begéint sin !

Der Rest ist Ort und Datum der Party.